Aktivitéitskalenner
Hei fënns du all d’Aktivitéiten.
Du kanns dech awer och gär melle fir eng personaliséiert Ufro vun enger Aktivitéit

Kannergebuertsdag🎈
En entspaanten, entdeckungsräiche, spannende Gebuertsdag mat denge Frënn an der Natur
Datum: Op Ufro
Méi Infos
E Gebuertsdag voller Naturerliefnisser!
Sichs Du no enger spezieller Iddi fir e Kannergebuertsdag, deen d’Kanner nach laang am Kapp behalen? Da bass Du bei SaMo genee richteg!
Hei feiere mir de Gebuertsdag an der Natur – eppes ganz Besonnesches fir Kanner vu 4 bis 12 Joer. Mat vill Freed um Entdecken, kreatiivt Schaffen an Naturhandwierk ginn d’Kanner op eng Rees duerch d’Natur geschéckt, wou et allerhand Spannendes z’erliewe gëtt.
Wat erwaart d’Kanner?
– pädagogesch Spiller, Entdeckungen an Aktivitéiten an der frëscher Loft
– Kreatiivt Schaffen mat Naturmaterialien
– Naturhandwierk fir selwer eppes mat Heem ze huelen
– Eng Zäit voller Spaass, Fantasie a Beweegung
– Bei spezielle Wënsch bezüglech der Aktivitéit kënnt dir mech gär kontaktéieren
Präiss:
200€ fir 2 Stonnen
Unzuel u Kanner:
4-6 Joer: Maximum 6 Kanner
7-12 Joer: Maximum 8 Kanner
Kënnt eng erwuesse Persoun mat Opsichtspflicht mat, kann d’Unzuel u Kanner erhéijt ginn. Dëst muss am Viraus ugefrot ginn.
Maach aus dengem Gebuertsdag e flott Erliefnis an der Natur, wous du net just Spass hues, mee och eppes léiers an dech fräi entfalte kanns!
Fro elo däi Wonschdatum un – ech freeë mech op dech!
Ufro

Bëschgrupp (4-8 Joer)
Mir treffen eis 1x an der Woch fir de Bësch ze erliewen
Datum ab dem 24. September ëmmer Donneschdes
Méi Infos
Am Bëschgrupp gi spannend Aktivitéiten an der frëscher Loft gemach. Hei steet d’Natur, d’Entdecken an d’Spillen am Mëttelpunkt an d’Kanner kënnen zesummen eng onvergiesslech Zäit am Bësch erliewen. Hei gëtt net nëmme gespillt a geléiert, mee och gebastelt, gebaut, entspaant a vill gelaacht. Zesumme (er-)liewe mir de Bësch.
All Donneschden (ausser an der Vakanz) Vun 14-16 Auer
Vum 24.09- 17.12
D’Plaze si limitéiert (first come, first served)
Präiss
220 € pro Persoun fir all 12 Datumer
oder
130 € pro Persoun fir 6 Datumer (fräi wielbar)
Umeldung

Mir ginn eis op de Geescht
Ee Moment fir Jugendlecher mat hieren Elteren – ganz ouni Drock
Datum op Ufro
Méi Infos
Zäit fireneen – eng kreativ Naturerfarung fir Jugendlecher & Elteren
Sidd Dir prett fir eng Auszäit vum Alldag? Entdeckt zesumme mat ärem Kand d’Freed un der Natur – an d’Kraaft vum zesumme Schaffen!
Egal ob Mamm, Papp oder eng aner wichteg Persoun am Liewe vum Jonken – dëst ass är Geleeënheet, eppes Besonnesches zesummen z’erliewen!
Wat erwaart Iech?
Gemeinsam schnëtzen, bauen, bastelen – mat Holz, Naturmaterialien a vill Fantasie.
Aktivitéiten an der frëscher Loft, déi Kreativitéit, Teamwork a Spaass verbannen.
Eng gemittlech a lëschteg Ambiance, wou Bezéiunge verdéift ginn an nei Saachen entstinn.
Fir wien?
Jugendlecher tëschent 12 a 16 Joer & eng erwuesse Begleetpersoun
Präiss
40€ fir 2 Stonnen
Ufro
„Das habe ich noch nie vorher versucht, also bin ich völlig sicher, dass ich es schaffe.“
(Pippi Langstrumpf)
